Projet vun engem Berdorfer Supermarché

IMG_E9209

De Buergermeeschter ass frou matdeelen ze kënnen, datt no laange Beméiungen endlech ee couragéierte Geschäftsmann de Projet vun engem Berdorfer Supermarché realiséiere wëll.

Fir den Daniel Abrantes Boto ass et net den éischte Projet. Zënter 2006 bedreift hien erfollegräich d' "Epicerie de Contern".
Wéini allerdéngs d'"Epicerie de Berdorf" ka seng Dieren opmaachen ass zu dësem Moment leider nach net gewosst, well nach eng ganz Réi Infrastrukturaarbechten mussen duerchgefouert ginn.

Hien setzt awer all Beméiungen drun, datt d'Dieren nach dëse Summer kënnen opgoen.
Fir d'Awunner an d'Touristen ass dat sécher eng méi wéi erfreelech Noriicht.


Mir wënschen dem Här Abrantes vill Courage a vill Erfolleg bei senger neier Erausfuerderung.