Restauratiounsaarbechten vum Kierchtuerm vun der Bäertrëffer Kierch

DJI 0411

De Mëttwoch 15.07.2020 kennt et am Laf vum Dag zu enger spektakulärer Aktioun am Kader vun de Restauratiounsaarbechten vum Kierchtuerm vun der Bäertrëffer Kierch.

Mat Hëllef vun engem speziellen Kran mat engem Aarm vu 44 Meter, ginn den Hunn an d’Kräiz vum Kierchtuerm ofmontéiert, fir se am Atelier an d’Rei ze setzen an duerno erëm nei (a riicht) ze verankeren.

Eng Aktioun déi een vu Wäitem oder Noem (ouni ze hënneren) ka mat verfollegen. Mir wäerten hei ob Facebook kuerz e Message erausginn, wann d‘Aarbechten ufänken, fir déi wou dat wëlle mat verfollegen. Et ass virgesinn et ze filmen an spéider ze publizéieren..

 

Avis aux amateurs.

Retour aux actualités