Nationalfeierdag 2021 an der Gemeng Bäertref
SHARE
Déi aktuell Mesure betreffend d’Corona-Pandemie erlaben eis net Nationalfeierdag esou ze feieren, wéi mer dat virun 2020 gewinnt waren. Duerfir huet de Bäertrëffer Gemengerot dëst Joer drop verzicht offiziell ëffentlech Feierlechkeet ze organiséieren.
Als Alternativ dozou huet de Schäfferot an Zesummenaarbecht mat de Servicer vun der Gemeng, der Harmonie Berdorf an der Chorale Mixte Berdorf-Consdorf e klénge Film op d’Been gesat, dat als Ersatz fir dës Feierlechkeeten.
Dëse Film kennt dir Iech ab dem Dënschden 22.06. 18 Auer un ob folgende Plattformen ukucken:
- Op der Internetsäit vun der Gemeng ënnert: https://www.berdorf.lu/service-citoyens/videos
- Op dem Youtube-Kanal vun der “Gemeng Bäertref”
- Op der Facebook-Säit vun der “Gemeng Bäertref”
Mir wënschen Iech all e flotten Nationalfeierdag an hoffen dat mir am nächste Joer nees kënnen zesumme feieren.