Arnaque iwwer E-mail – Société PMediaservice
SHARE
Arnaque iwwer E-mail – Société PMediaservice
D’Gemeng warnt virun enger neier Online-Bedruchsmasch, déi haaptsächlech op lokal Entreprisë geziilt ass.
Verschidde Betriber hunn eis gemellt, dass si eng E-Mail kritt hätten, déi angeblech vun « Pmediaservice » staamt. An dëser E-Mail gëtt d’Firma opgefuerdert, hir Donnéeën ze aktualiséieren, fir an engem sougenannte Guide vun der Gemeng opgeholl ze ginn, fir 39 € de Mount.
Fir d’Vertrauen ze erreechen, benotzen déi Onéierlech op gefälschter Aart de Logo vun der jeeweileger Firma an hier Kontaktinformatiounen, déi si online fonnt hunn. Si froen duerno, de Formulaire ënnerschriwwen un d’Adress « pmediaservice.lu@gmail.com » zréckzeschécken.
D’Gemeng stellt kloer, datt si KENG Firma domat beoptraagt huet, esou e Guide ze erstellen a recommandéiert all Betrib, net op dës Ufro anzegoen.