Lost & Found

Lost and Found

Dir hutt e wäertvolle Géigestand verluer oder äert Hausdéier ass fortgelaf. Dir hutt eppes fonnt oder e friemt Déier ass Iech zougelaf.
Sot eis direkt Bescheed. Mir affichéieren et op dëser Plaz.
Schéckt eis är Informatioun mat eventuell enger Foto op d’Email-Adress communication@berdorf.lu
---------------------------
Vous avez perdu un objet précieux ou bien votre animal domestique a disparu. Vous avez trouvé un objet ou bien vous avez récupéré un animal étranger.
Laissez-nous un message. Nous allons l’afficher dans notre nouvelle rubrique  «Lost and Found».
Envoyez votre information avec éventuellement une photo à l’adresse courriel communication@berdorf.lu


10.07.2025 Schlëssele fonnt ginn

Schlësselen

Donneschdeg den 10.07. si Schlëssele ofgi ginn.
Se sinn zu Berdorf beim Busarret op der Duerfplaz fonnt ginn. Falls dir se verluer hutt, mellt iech ënnert communication@berdorf.lu oder um 790187-1


29.04.2025 Kludder Schlëssele fonnt ginn

Kludder_Schlësselen

Ofginn de 04.07.2025 bei der Police zu Iechternach.

Dënnschdeg den 29.04. ass eng Kludder Schlëssele ofgi ginn.

Se ass zu Berdorf hannert dem Centre Culturel op der Spillplaz fonnt ginn.

Falls dir se verluer hutt, mellt iech ënnert communication@berdorf.lu oder um 790187-1


20.03.2025 Garagentoröffner fonnt ginn

Garagentoröffner

Ofginn de 04.07.2025 bei der Police zu Iechternach.

Donneschdeg den 20.03. ass e Garagentoröffner bei eis ofgi ginn.

En ass zu Berdorf an der Strooss "An der Laach" fonnt ginn.

Falls dir e verluer hutt, mellt iech ënnert communication@berdorf.lu oder um 790187-1


17.03.2025 Schlëssel fonnt ginn

Schlëssel_Hammhafferstrooss_17.03.2025

Ofginn de 04.07.2025 bei der Police zu Iechternach.

Méindeg de 17.03. ass e Schlëssel bei eis ofgi ginn.

En ass zu Berdorf an der Hammhafferstrooss fonnt ginn.

Falls dir e verluer hutt, mellt iech ënnert communication@berdorf.lu oder um 790187-1


13.02.2025 Ketten fonnt ginn

Goldketten

Ofginn de 04.07.2025 bei der Police zu Iechternach.


Donneschdeg den 13.02. ass eng gëlle Ketten bei eis ofgi ginn.

Se ass zu Berdorf bei der Bushaltestell Herber fonnt ginn.

Falls dir se verluer hutt, mellt iech ënnert communication@berdorf.lu oder um 790187-1