Carlo Bentner

2017_Bentner-Carlo-mod

SHARE

Léif Biergerinnen a Bierger,

D’Gemeng Bäertref huet déi traureg Flicht Iech matzedeelen, datt eis de leschte Weekend eise Gemengerotsmember Carlo Bentner fir ëmmer verlooss huet. No enger kuerzer awer onbaarmhäerzeger Krankheet ass hien elo nees bäi senger Fra Tiny, déi schonns d‘ lescht vun eis gaangen ass. De Carlo war säit 2005 Member am Gemengerot an huet sech fir eng besser Liewensqualitéit an eiser Gemeng agesat.

Mir wënschen der Famill vum Carlo vill Courage an dëser schwéierer Zäit a iwwerbréngen hinnen am Numm vun alle Bierger eist häerzlechst Bäileed.

Cher concitoyennes et concitoyens

La commune de Berdorf a le triste devoir de vous annoncer le décès de son conseiller communal Carlo Bentner survenu le weekend dernier. Après une courte mais impitoyable maladie, il a pu joindre sa femme Tiny, laquelle nous avait déjà quitté l’année dernière. Comme membre du conseil communal de Berdorf depuis 2005, Carlo s’engageait toujours pour une meilleure qualité de vie dans notre commune.

Nous souhaitons à la famille de Carlo du bon courage et nous leur transmettons nos sincères condoléances au nom de tous les citoyens de la commune de Berdorf.