Ëffentlechen Opruff fir Kandidaturen

NGPM

Den Natur- & Geopark Mëllerdall lancéiert en ëffentlechen Opruff fir Kandidature fir d’Erneierung vu senger Commission consultative.


Dës Kommissioun ass en Ambassadeur a Multiplikator fir d’Missiounen a Projete vum Natur- & Geopark. Si bitt eng Plattform, wou iwwer Projete vum Natur- & Geopark kann informéiert an diskutéiert ginn an si gëtt en Avis zum Budget of.
Dësen Appell adresséiert sech laut Règlement grand-ducal du 17 mars 2016 portant déclaration du Parc Naturel du « Mëllerdall »:
- u lokal a regional Interessensgemeinschaften aus dem Domaine vun der Landwirtschaft, dem Tourismus, de PME, dem Natur- an Ëmweltschutz, der Kultur, dem Urbanismus an der Energie an u privat Associatiounen déi am Interêt vun den Ziler vum Natur-& Geopark schaffen souwéi
- un d’Awunner vun de Membersgemenge Bäerdref, Bech, Beefort, Iechternach, Fëschbech, Fiels, Hiefenech, Konsdref, Noumer, Rouspert-Mompech, Waldbëlleg an dem Bäitrëttskandidat Reisduerf,
déi interesséiert sinn an dëser Kommissioun matzeschaffen.
D’Kompositioun, d’Missiounen an de Fonctionnement vun der Kommissioun ginn duerch dat genannte Reglement definéiert.
Op Basis vun den agereechte Kandidaturen nominéiert de Comité vum Natur- & Geopark Mëllerdall d’Memberen.
Schrëftlech Kandidaturen fir dëse benevollen Engagement solle virum 20. September 2023 un de Bureau vum Natur- & Geopark Mëllerdall geschéckt ginn, 8, rue de l 'Auberge, L-6315 Beaufort (E-mail: info@naturpark-mellerdall.lu, Tel: 26 87 82 91). Fir weider Informatiounen kënnt Dir Iech per E-mail oder Telefon un eis wenden.

Downloads