In Memoriam - Ernest Walerius

FSC_0802a Walerius Ernest, Sept 2011

In Memoriam

Ernest Walerius, Berdorf

 

(LU) D’Gemeng Bäertref huet déi traureg Flicht Iech matzedeelen, datt eis de leschte Samschden 16. September eise fréiere Buergermeeschter a Gemengerotsmember Ernest Walerius fir ëmmer verlooss huet. Den Ern huet säi jorelaange Kampf géint de Kriibs schlussendlech verluer.

Der Ern war vun 2000 bis 2005 Member am Gemengerot, a gouf 2005 zeréck gewielt an du majoritär zum Buergermeeschter ernannt. Dës Amt huet hie bis de 07.11.2017 mat vill Freed an Engagement erfëllt. Vill grouss Projete goufen an där Zäit ëmgesat, wéi z.B. d‘Erneierung vun der Festplaz Maartbësch mat Spillplaz, Verbesserung vun den Infrastrukture fir den Amphitheater “Breechkaul”, Vergréisserung vum Gemengenhaus, Bau vum Waassertuerm “Aquatower” mat der Verbesserung vun den Infrastrukturen vum Waasser- an Ofwaasserréseau fir all d'Uertschaften, Entwécklungsplang fir de Centre “Maartbësch” mat touristeschen a schouleschen Infrastrukturen a.s.w.

Mat sengem Engagement am CIGR Mëllerdall huet hien sech fir déi sozial schwaach Leit agesat. Als President vum Tourismussyndikat war him d‘Entwécklung vum Tourismus an der Regioun Mëllerdall extrem wichteg. Ob nationalem Plang huet hien sech als Member vum Büro vum SYVICOL fir déi kleng Gemengen, Bonsaï-Gemenge genannt, engagéiert. Och ass den Ern ëmmer fir en transparent an kooperatiivt Schaffen am Gemengerot sou ewéi an der Gemengeverwaltung agetrueden.

Trotz senger ugeschloener Gesondheet, huet den Ern bis zum letzten Dag seng Missioun mat beschtem Gewëssen a vill Engagement erfëllt.

De Schäffen- a Gemengerot, déi fréier Memberen vum Gemengerot, esou wéi och d’Personal vun alle Service vun der Gemeng an déi wou schonns pensionéiert sënn a mam Ern zesummegeschafft hunn, drécken dem Lucie, dem John an dem Paul mat der ganzer Famill hiert déifste Matgefill aus. Mir soen dem Ern nach eng Kéier Merci fir säin Engagement fir eis Bäertrëffer Gemeng a fir déi jorelaang gutt Zesummenaarbecht.

 

(FR) La commune de Berdorf a le triste devoir de vous informer que le samedi 16 septembre, notre ancien bourgmestre et membre du conseil communal, Ernest Walerius, nous a quittés pour toujours. Ern a finalement perdu son combat de plusieurs années contre le cancer.

Ern a été membre du conseil communal de 2000 à 2005, puis réélu en 2005 et nommé bourgmestre à la majorité des membres du conseil. Il a rempli cette fonction jusqu'au 07.11.2017 avec beaucoup d’enthousiasme et de dévouement. De nombreux grands projets ont été réalisés à cette époque, comme par ex. le renouvellement de la place de fête «Maartbësch» avec aire de jeux, l'amélioration des infrastructures de l'amphithéâtre "Breechkaul", l'agrandissement de la mairie, la construction du château d'eau "Aquatower" avec l'amélioration des infrastructures du réseau d'eau et d'assainissement pour toutes les localités, l’établissement d’un plan de développement du centre "Maartbësch" avec infrastructures touristiques et éducatives, etc.

Grâce à son engagement au sein du CIGR «Mëllerdall», il s'est engagé en faveur des personnes socialement défavorisées. En tant que président du syndicat d’initiative du tourisme, le développement du tourisme dans la région du «Mëllerdall» était extrêmement important pour lui. Au niveau national, il s'engageait en tant que membre du bureau du SYVICOL auprès des petites communes, appelées «Bonsaï-Gemenge». Ern se prononçait toujours en faveur d'un climat transparent et coopératif au sein du conseil communal ainsi qu'au sein de l'administration communale.

Malgré sa santé défaillante, Ern a rempli sa mission avec la meilleure conscience et beaucoup de dévouement jusqu'au dernier jour.

Le collège échevinal et le conseil communal, les anciens membres du conseil ainsi que le personnel de tous les services de la commune et ceux qui sont déjà retraités et ont travaillé avec Ern, expriment leur plus profonde sympathie à Lucie, John et Paul ainsi qu'à toute la famille. Nous tenons à remercier une fois de plus Ern pour son engagement envers la commune de Berdorf, et pour les années de bonne coopération.

Downloads