Informatiounsversammlung / Réunion d’information - Wandpark Mëllerdall

OXYGEN_SOLER_INVITATION WANDPARK_MELLERDALL

SHARE

Mir freeën eis, Iech op en Informatiounsowend zum leschte Stand vum Projet „Wandpark Mëllerdall“ anzelueden. Vun den ufanks virgestallten Anlage kënnen der fënnef gebaut ginn, an zwar an de Gemenge Bäerdref, Konsdref, Hiefenech a Waldbëlleg. De Projet gëtt vun der Gesellschaft Soler an Zesummenaarbecht mat sechs Gemengen aus der Regioun entwéckelt – nieft de véier genannten och Beefort a Bech.

D’Informatiounsversammlung ass de Mëttwoch, 4. Mäerz 2026, um 19:00 Auer am Centre culturel et sportif zu Hiefenech (13 Stenkel, L-7652 Heffingen).
Mir freeën eis drop, Iech do kënnen ze begréissen.

PROGRAMM

19:00 Begréissung

Presentatioun vum Projet am Kader vun der nationaler Strategie fir erneierbar Energien


Resultater vun den detailléierten Analysen

• Presentatioun vun de finale Standuerter
• Deroulement an nächst Schrëtt
• Teschnesch Charakteristike vun de Wandrieder vun der neister
Generatioun – Bewäertung vun der Auswierkung op d’Bewunner an
op d’Ëmwelt
• Eng Approche vu Participatioun an Nohaltegkeet

Froen an Äntwerten

Den Owend fënnt op Lëtzebuergesch statt.
Eng Iwwersetzung op Franséisch ass virgesinn.

--------------------------------------------------------------------------------------------------------------

Nous sommes heureux de vous inviter à une soirée d’information sur l’état d’avancement du projet « Wandpark Mëllerdall ». Parmi les installations initialement présentées, cinq peuvent être construites, à savoir dans les communes de Berdorf, Consdorf, Heffingen et Waldbillig. Le projet est développé par la société Soler en collaboration avec six communes de la région – en plus des quatre citées, il s’agit également de Beaufort et de Bech.

La réunion aura lieu le mercredi 4 mars 2026 à 19h00, dans le Centre culturel et sportif à Heffingen (13 Stenkel, L-7652 Heffingen).
Nous espérons vous y retrouver nombreux.

PROGRAMME


19:00 Bienvenue
Présentation du projet dans le cadre de la stratégie nationale sur les énergies renouvelables


Résultats des analyses détaillées

• Présentation des sites retenus
• Déroulement et prochaines étapes
• Caractéristiques techniques des éoliennes nouvelle génération
• Évaluation des incidences sur les habitants et sur l’environnement
• Une approche participative et durable

Questions-réponses

La soirée se déroulera en langue luxembourgeoise.
Une traduction simultanée en français sera proposée.

 

 

Downloads