Invitatioun Roadbook GoElectric

SHARE
À la découverte des parcs naturels du Grand-Duché
Discovering the Nature Parks of the Grand-Duchy
De Ministère fir Energie a Landesplanung, den Natur- & Geopark Mëllerdall, den Naturpark
Öewersauer an den Naturpark Our invitéieren Iech um Weekend vum 23. & 24. Juli 2022 ganz
häerzlech op d’Presentatioun vum regionalen Roadbook GoElectric.
Am Kader vun der Virstellung vun dësem gemeinsame Projet vun den dräi Naturparken, deen
op d’Promotioun vun der Elektromobilitéit am regionalen Tourismus ziilt, sidd Dir häerzlech invitéiert,
zesumme mam Minister fir Landesplanung, Claude Turmes, un engem E-Bike Tour duerch
déi dräi Naturparken Deel ze huelen.
Op deenen dräi Naturpark-Etappen erwaarden Iech interessant Statiounen bei ënnerschiddleche
lokalen a regionalen Acteuren, wou een direkten Austausch iwwer d’Potenzialer an d’Defien vun
der zukünfteger Entwécklung vun der E-Mobilitéit an der Regioun am Mëttelpunkt stinn.
Programm:
Samschdeg, den 23.07.2022:
Pressekonferenz GoElectric
10h00: Presentatioun vum Roadbook GoElectric
Rendezvous beim Musée Henri Tudor (9 Rue Henri Tudor L-6582 Rosport)
E-Bike Tour 1: Rouspert – Reisduerf
10h30: E-Bike Tour mat Mëttegiessen am Natur- & Geopark Mëllerdall
Start beim Musée Henri Tudor
E-Bike Tour 2: Reisduerf – Veianen – Housen – Äischer
14h00: E-Bike Tour mat Owesiessen am Naturpark Our
Start um Parking Gare zu Reisduerf (6 Route de la Sûre L-9390 Reisdorf)
Sonndeg, den 24.07.2022:
E-Bike Tour 3: Ierpeldeng – Pommerlach – Bauschelt – Giewelsmillen
09h00: E-Bike Tour mat Mëttegiessen am Naturpark Öewersauer
Start op der Kiercheplaz (Um Knupp L-9648 Erpeldange)
Mir freeën eis Iech op der Presentatioun vun eisem gemeinsamen Roadbook GoElectric begréissen ze
dierfen.
Mat frëndleche Gréiss aus den dräi Naturparken