Nationalfeierdag 2022

Nationalfeierdag drapeaux 1

SHARE

Um Virowend vum lëtzebuergeschen Nationalfeierdag dem 23. Juni 2022, op deem och de
Gebuertsdag vun eisem Groussherzog Henri gefeiert gëtt, invitéiert d‘Gemeng Bäertref all seng Bierger op hier offiziell Feierlechkeeten.

 

Offizielle Programm
vum Mëttwoch den 22. Juni 2022

 

Géint 18:30 Auer:

Offizielle Cortège mat Depart beim Gemengenhaus bis op d‘Festplaz am Centre récréatif „Maartbësch“

 

Géint 18:45 Auer:

  • Offiziellen Festakt mat Festried vum Buergermeeschter Joé Nilles
  • Éierung vun de verdéngschtvolle Memberen vum Pompjeescorps
  • Sportleréierung vu Veräiner an Eenzelsportler duerch d‘Sportskommissioun


Éierewäin mat Agapen offréiert vun der Gemeng bis 21:00 Auer

 

D‘Harmonie Bäertref suergt fir d‘musikalescht Encadrement vun de Festivitéiten.

 

No dem offiziellen Deel
Flott Ambiance mat Musek

 

De Comptoir an de Grill gëtt vun de Bäertrëffer Pompjeeën an der Jugendkommissioun vum USBC01 assuréiert.

 

Am Fall vu ganz schlechtem Wieder fannen d‘Feierlechkeeten am Kulturzentrum „A Schmadds“ statt

 

Zousätzlech Informatioun: Ëm 18:00 Auer gëtt zu Éieren vun eisem Groussherzog Henri e feierlechen TE DEUM an der Bäertrëffer Kierch zelebréiert.

 

Mir wäre frou, wann dir als Sympathiegeste de Lëtzebuerger Fändel géift eraushänken

Downloads