Service Regie mat groussem Engagement

Bild1mod

SHARE

Wärend de Wanterméint suergt d’Ekipp vum Service Regie mat groussem Engagement dofir, datt Stroossen a Weeër bei all Wiederkonditioune sécher a gutt befuerbar bleiwen. Zil ass et d’Sécherheet an d’Mobilitéit fir all Awunner esou gutt wéi méiglech ze garantéieren. Dofir e groussen a ganz häerzleche Merci!

Fir datt dëse wichtege Service och weiderhin effizient ka garantéiert ginn, si mir op d’Hëllef vun all Awunner ugewisen. Mir bieden dofir, d’Gefierer esou ze parken, datt eng fräi Duerchfaart fir Trakteren a Schnéiraumgefierer zu all Moment garantéiert ass. Nëmmen zesumme kann e reiwungslose Wanterdéngscht sécher gestallt ginn.

(Op der Foto feelen: M. Martin Schäfer an M. Mike Nogueira Oliveira)

Atelier_Schnéi