28 sept. 2021 Évènement

Tourismusstrategie Luxemburg – Fokus TOURISMUS UND LEBENSQUALITÄT

D’Generaldirektioun fir Tourismus ass momentan am gaangen d’Strategie fir di zukünfteg touristesch Entwécklung vun eiser Destinatioun auszeschaffen. An dësem Prozess gëtt d'Generaldirektioun fir Tourismus vun der däitscher Beroderfirma dwif-Consulting begleet a bannt wichteg Stakeholder aus dem Secteur an dëse strategesche Prozess an. Et zeechent sech of, dass d‘Strategie sech ënnert anerem op d‘Openthaltsqualitéit vun eise Gäscht, an doduerch och op d‘Liewensqualitéit vu Bierger a Grenzgänger wäert konzentréieren.
 

An deem Sënn freet de Minister fir Tourismus Lex Delles sech fir d‘Bierger, Grenzgänger a Gemengevertrieder op eng ëffentlech Presentatioun z’invitéieren. Hei gidd Dir iwwert den aktuelle Stand vun der strategescher Aarbecht informéiert a mir sammelen Är Ureegungen zum Thema Liewensqualitéit a Kombinatioun mat Tourismus.

Am Fokus steet d‘Fro, wéi den Tourismus verstäerkt zur Verbesserung vun der Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg ka bäidroen. 
 

 - Wéini? 28. September 2021 | 18:00 - 19:30 Auer

 - Wou? Alvisse Parc Hotel, 120 route d’Echternach, L-1453 Luxembourg

 - Wien? ëffentlech zougänglech Presentatioun fir Gemengevertrieder, Bierger a Grenzgänger

 - Sprooch: Däitsch mat fransésischer Simultaniwwersetzung

 - Regime CovidCeck: Geimpft, geheelt oder getest mat Certificat (https://covid19.public.lu/fr/covidcheck.html), Méigelechkeet fir e Schnelltest sur place

 - obligatoresch Umeldung: https://www.eventbrite.fr/e/billets-tourismusstrategie-luxemburg-fokus-tourismus-und-lebensqualitat-167704766471

Informations supplémentaires

Date : 28 sept. 2021 Horaire : 18:00 - 19:30

Localité :

autre

Retour à l'agenda