Night Vigil 2019

Night Vigil 2019 3.2

Méindeg, den 16ten Dezember 2019 zu Bäertref
Départ Centre Culturel «A Schmadds» 4:30 Auer moies

 

Organisatioun vun der „Night-Vigil 2019“
Vun den deemolege 4 amerikaneschen Aussenposten zu Bäertref (Posselt, Biirkelt, Hammhaff, Grondhaff) gëtt zur 75 järege Gedenkfeier nëmmen een Aussenposten, nämlech Biirkelt mat sengem virgelagerte Beobachtungsposten (um Aussiichtspunkt Wäissebierg) ugaangen, Rendez-vous ass ëm 4:30Auer moies beim Centre Culturel „A SCHMADDS“, wou dann de Start géint 4:40 Auer wäert sinn.
Um Start an Ënnerwee gi Fakele verdeelt.
De Grupp geet Richtung Hammhafferstrooss, Biirkelterstrooss op de Biirkelt, wo en géint 5:15 Auer beim Haus Kimmes ukomme soll. D’Leit kënnen sech ob der Platz vun hirem Choix dem Fakelzuch uschléissen.
Hei brennen da schonns 3 MARKÉIERUNGSFEIER (eent géigeniwwer dem Haus Kimmes, en zweet um Haff Biirkelt, an en drëtt beim Aussiichtspunkt um Wäissebierg.
Elo verdeelen sech d’Leit mat oder ouni Fakel zwëschen den dräi Feieren, fir sou eng Mënschen- a Liichterketten ze bilden.
• Elo waarden se symbolesch op den Ufank vun der Ardennenoffensiv, déi de 16. Dezember 1944 em genau 5:30 Auer mat gewaltege Kanouneschëss vum Westwall hir ugaangen ass. Sou lauden dann 75 Joer duerno genau ëm déi Auerzäit d’Klacke vun der Bäertrëffer Kierch 2 mol all Kéiers 3 Minutte laang mat enger kuerzer Zwëschenpaus.
• Wärend dëser Zäit soll ABSOLUT ROU AN STELL bäi allen Bedeelegten herrschen, fir sou an dëser kuerzer Zäit deenen ze gedenken déi deemools ouni hir Schold hiert Liewen op d’Spill gesat hunn, FIR DAT MIR HAUT A FRÄIHEET LIEWE KENNEN.
• Wann d’Klacken ophale mat lauden, ginn all Bedeelegt op de Biirkelter Haff, wou hinnen déi deemoleg
Evenementer nach eng Kéier méi genau erkläert ginn.
• Duerno wäerten d’Membere vun der Kulturkommissioun de Bedeelegte waarm Gedrénks zerwéieren.
Wéinst der Organisatioun vum Transport vun eelere Leit, dem Récktransport vun de Leit an dem Catering biede mir déi Leit déi wëlles sënn bäi der Night Vigil matzemaachen sech um Gemengesekretariat op der Nummer 79 01 87 20 unzemellen oder per Mail op den

Retour aux actualités